Kielen

Patrick Krecké
Gemengeconseiller

Demokratie a fair Politik gehéieren zu de Fundamenter vun der liberaler Beweegung zu Lëtzebuerg, der Demokratescher Partei. An dësem Sënn huet d’DP an de leschte Joren eng konstruktiv Oppositiounspolitik an eiser Gemeng gemaach.

Vill Projeten hu mir an dëser Zäit ënnerstëtzt, konnten awer och net ëmmer mat allem d’Accord sinn. Besonnesch wann d’Käschten ze héich oder e Projet an eisen Aen net stëmmeg war.

Eis Gemeng wäert an den nächste Joren weider staark wuessen, hei sief just de Projet Elmen ernimmt. Dëst wäert déi Gemengeverantwortlech an Zukunft viru grouss Erausfuerderunge stellen – esouwuel finanzieller ewéi struktureller.

No der Demissioun vu mengem Virgänger Tom Hansen, deem ech op dëser Platz villmools Merci fir seng Aarbecht am Déngscht vum Bierger wëll soen, hunn ech am Juni 2021 d’Mandat als Gemengeconseiller iwwerholl. Zesumme mat menge Kolleegen aus der Kielener Sektioun, si mir, en vue vun de Gemengewalen 2023, prett, fir eis dëser Erausfuerderung ze stellen a Verantwortung z’iwwerhuelen.